Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

Mat Deus a Soulwax ware belsch Gruppen definitiv um Puls vun der internationaler Indie-Zeen vun den 1990er Joren. Wann och net ganz laang, huet 1999 awer eng Bréisseler Band mat enger interessanter Lead-Gei hiren Duerchbroch gefeiert: Venus. Dem Marc Clement säin Twenty/Twenty kënnt vun hirer Plack "Welcome to the Modern Dance Hall" an heescht "She's So Disco".

"Small Mercies", den zweeten Album vu Pixx, kléngt wéi e grousse Konveniat vun der Indiemusek. Hanner dem Pseudonym Pixx stécht déi jonk Londonerin Hannah Rodgers. Si verbënnt clever Melodië mat queeschen Arrangementer. D'Vicky Stoll presentéiert den Album vun der Woch.

1989 hunn d'Red Hot Chili Peppers Mammemëllëch fir hiren neie Gittarist gebraut: den deemools grad 19 Joer ale John Fusciante. Mir lauschteren nach eemol  an eisen Déjà-Vu Album vun der Woch eran: "Mother's Milk", déi véiert Plack vun de Red Hot Chili Peppers, déi dëse Mount 30 Joer feiert.

Déi Lëtzebuerger Folk Formatioun Wooden Empire huet viru kuerzem déi rezent Single "What's Left Of Us" releast. De Fränz Dahm an den Tim si live am Studio fir iwwer déi nei Musek an d'Evolutioun vu Wooden Empire ze schwätzen a verroden, ob et eng zweet sechseckeg Scheif wäert ginn.

Nieft dem Concertstipp, dem Pit Walté sengem Besuch am Studio an dem Philippe Hansen senger perséinlecher Playlist, lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker déi dës Woch erauskomm sinn.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats Lungo

    Véier Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen