Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Andréck vun Hongkong

Zanter Méint gëtt an de Stroosse vun Hongkong géint d'Regierung protestéiert. Ugefaangen huet alles mat der Oppositioun géint ee Gesetzesprojet, deen et sollt erméiglechen, Prisonéier vun Hongkong a China auszeliwweren - Hongkong steet ënner der Verwaltung vu China. An de leschten Deeg waren d'Protester méi intensiv ginn, an déi chinesesch Regierung hat domat gedreet, Gewalt anzesetzen. De Lëtzebuerger Fotograf Jose Lopes Amaral ass am Taiwan baséiert, mee hien huet d'Protester zu Hongkong vun Noem suivéiert. De Pit Walté huet mat him iwwer d'Situatioun op der Plaz geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen