Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Angscht virun enger Rezessioun an den USA

An den USA geet d'Angscht ëm, datt et geschwënn zu enger Rezessioun kéint kommen. En neie Sondage vun amerikaneschen Ekonomiste weist, datt 74 Prozent vun hinne sech eng Rezessioun virum Enn vum Joer 2021 erwaarden. Wall Street weist sech a leschter Zäit nervös, an d'Confiance vun den Amerikaner an hir eegen Ekonomie geet erof.

Am Wäissen Haus ginn esou Ängschten awer séier rejetéiert. Méi dozou an dëser Korrespondenz vu Washington vum Philip Crowther.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen