Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Eng international Mafiaorganisatioun

'Ndrangheta. Esou gëtt d'Mafia aus Kalabrien, am Süde vun Italien, genannt. E Freideg virun zwou Woche gouf hei am Land e presuméierte Member vun der 'Ndrangheta festgeholl. Wat ass dat fir eng Organisatioun a wat sinn eventuell Erklärungen dofir, datt Membere vun der kalabresescher Mafia zu Lëtzebuerg liewen? De Stephan Polet huet dës Froen dem Federico Varese gestallt, engem Mafia-Expert a Proff fir Kriminologie op der Uni zu Oxford.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Presserevue

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid

    Mam Bus op Madrid

    D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen