Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Figures in a Landscape: Peoples and Places - Paul Theroux

Den Amerikaner Paul Theroux, Joergang 1941, zielt zu de bedeitendste Rees-Schrëftsteller vun eiser Zäit. Bicher wéi "The Great Railway Bazaar", "The Old Patagonian Express" oder nach "The Pillars of Hercules" hu ville Leit op der Welt d'Loscht ginn, nei Länner a Kulturen ze entdecken. Ee vun hinnen ass eise Moies-Animateur Simon Larosche, deen am Moment op Malta ass. Hien huet virun e puer Wochen dem Paul Theroux säin neiste Buch "Figures in a Landscape" gelies. E Literatur-Tipp fir déi lescht puer Woche vum Summer.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen