Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Die Geschichte des Wassers vum Maja Lunde

Die Geschichte des Wassers - Maja Lunde

"Ich nannte meine Welt Erde, aber ich dachte, eigentlich müsste sie Wasser heißen", schreift d'Maja Lunde um hënneschten Deckel vun hirem Buch. An eigentlech stëmmt et, vum Weltall aus gekuckt, erschéngt eis Äerd virun allem blo!

Mat hirer "Die Geschichte der Bienen" ass d'Norwegerin Maja Lunde als Schrëftstellerin an och als Ëmweltaktivistin international opgefall. Dat zweet Band aus hirer ekologescher Trilogie heescht "Die Geschichte des Wassers" an ass weltwäit e groussen Erfolleg.

Trotz e puer Schwächten ass d'Buch spannend geschriwwen. En hoffnungslosen Appell vun der Maja Lunde, anescht mat eisen natierleche Ressourcen ëmzegoen. De Manuel Ribeiro huet d'Buch gelies.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen