CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

En Album mat vill Gefill

Den Norwegesche Pianist Nils Anders Mortensen huet zanter sengem éischte Solo-Album 2012 eng ganz Rei weider Diske publizéiert. Dorënner eleng aacht Stéck mat der Mezzo-Sopranistin Marianne Beate Kielland, ee mat Stécker vum Johannes Brahms, eng CD mat russescher Musek an 2016 eng mat Geiesonate vum Robert Schumann. Elo huet hien en neien Album publizéiert, dës kéier mat Musek vum Johann Sebastian Bach.

De Luc Boentges huet an dësen Disk era gelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen