Musek am Gespréich

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

D'Hélène Boulègue

Mat 19 Joer een Engagement am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, Laureatin vu prestigiéisen internationale Concoursen an deen éischten Disk: D'Flüttistin Hélène Boulègue huet e mouvementéiert Joerzéngt vun hirer Carrière hanner sech. Wéi eng Erfarunge si gemaach huet, wéi si sech als Musekerin an als Perséinlechkeet entwéckelt huet, verzielt si dem Guy Engels.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen