Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Brel revu

Et ass de véierfache Grammy-ausgezeechente Produzent Larry Klein, dee fir dësen Hommage un de Brel vill vu senge Kontakter aus der Musekszeen zesummekritt huet. Liicht jazzy ugehaucht kéint een als roude musikalesche Fuedem fir dësen Album huelen, deen net nëmmen den Titel vun engem Original Jacques Brel aus de Mëtt Siechzeger iwwerhëlt, mee och de Cover vum Album op eng originell Manéier nostellt.

"Ces gens-là" vereent um Label Decca Klassiker vum Brel: där ganz populärer wéi "Vesoul", "Quand on a que l'amour" oder "Ne me quitte pas" an dann där, déi een alt manner dacks héiert, den "Ivrogne", d''Chanson de Jacky" oder "Les Vieux" an anerer méi. De Larry Klein huet sech als Produzent bewosst zeréckgehalen a jiddwer Interpret a sengem eegenen, perséinleche Stil schaffe gelooss. Ob jiddweree fir den Exercice gëeegent ass ... déi Fro loosse mir mol am Raum stoen.

Mat dobäi sinn ë. a. Marianne Faithful, Zaz, Madeleine Peyroux, Melody Gardot, Carla Bruni, Thomas Dutronc, Michel Jonasz, Bernard Lavilliers, ...

De Fred Medernach huet an den Album eragelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen