CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Dem Gossec seng Sinfonien

Een Zäitgenosse vu Mozart, Haydn a Beethoven heescht François-Joseph Gossec. De franséische Komponist huet a sengem laange Liewen de Barock nach kannt an déi éischt Jore vun der Romantik kennegeléiert. De Pädagog, Geiist a Komponist war a Frankräich e groussen Numm. En Disk mat kuerze Sinfonië vu 1758, mat der Deutsche Kammerakademie Neuss, koum beim Label CPO eraus. De klasseschen CD-Tipp mam Manuel Ribeiro.

François-Joseph Gossec: Sinfonien opus IV; Deutsche Kammerakademie Neuss, D: Simon Gaudenz, CPO 555 263-2

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen