Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Sträichquartett Hermès

Den Ofschlossconcert vun de Kammermusiktage Mettlach

De Quatuor Hermès ass e Sträichquartett, deen nach um Ufank vu senger Carrière steet, awer scho mat enger Partie Präisser ausgezeechent gouf. Den Ensembel gouf agelueden, fir den Ofschlossconcert vun de Kammermusiktage Mettlach ze spillen, dëse Sonndeg 25. August um véier Auer an der Alte Abtei Mettlach.

De Festival, deen dëst Joer fir d'éischt ënner der Leedung vun der Geiistin Franziska Hölscher steet, ass och eng Plattform, wou jonk Talenter sech produzéiere kënnen. De Manuel Ribeiro mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen