Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Nom Referendum zu Wäiswampech

D'Wämper Leit sinn an hirer Majoritéit géint de Projet vun engem Fräizäitpark mat Hotel, Chaleten an allerlee Attraktioune bei hirem Séi. Am kommunale Referendum gëschter war op 60 Prozent vun de gültege Bulletinen den NEE ugekräizt. D'Resultat ass also kloer. Mee et gesäit net esou aus, wéi wann de Projet domat vum Dësch wär. Ganz am Géigendeel. E Reportage vum Maurice Molitor.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen