Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

EWI

Den elektronesche Bloswandler, wéi d'Instrument offiziell heescht, gëtt de Saxofonisten (an och Trompettisten) vun den 1970er Joren un d'Méiglechkeet, och elektronesch Kläng ze produzéieren. Wat d'Gittaren, de Keyboard an d'Batterie also capabel sinn ze maachen, sollt och de Bléiser net virenthale bleiwen. Op der Sich no neie Kläng an neie Methoden ze spillen, hu verschidde wichteg Museker wéi de Wayne Shorter oder de Michael Brecker Pionéieraarbecht geleescht. Och haut traue sech nach eng Handvoll oppe Geeschter un d'Gerät erun. De Pol Belardi presentéiert e puer Incontournabelen, mee och Neiegkeeten.

Rezent Emissiounen

  • BadBadNotGood

    De kanadesche Kollektiv rëselt déi musikalesch Welt duerchernee mat engem opreegende Mix aus Jazz a Groove, gefiddert mat villen Hip-Hop Elementer.

  • EWI

    Ob Lyricon, EWI oder Aerophon: de Windcontroller ass déi modern Variant vum elektronesche Blosinstrument.

  • A few Picks from London

    London huet eng floréierend Jazzzeen, déi vill op de Groove baséiert ass.

  • In The Fishtank: Motorpsycho + Jaga Jazzist Horns

    Esou heescht eng interessant Session vu Konkurrent, engem NL-Distributor.

  • Tortoise

    Als en Original vu Chicago ass Tortoise e Monument vum Post-Rock, dat och vill Jazz-Influenzen huet.

  • The (Jazz) Crusaders - Those Southern Knights

    D'Crusaders sinn eng groovy Band ronderëm de Keyboarder Joe Sample, déi de Funk a Soul Sound vun den 1970er mat definéiert hunn.

  • Donny McCaslin Albums

    Den Donny McCaslin ass vill méi wéi just den Jazz-Saxofonist, deen um David Bowie sengem leschten Album matgespillt huet.

  • Sinatra/Basie live zu Las Vegas

    De Frank Sinatra huet 1996 zesumme mat der Count Basie Big Band zu Las Vegas gespillt an doraus e live Album gemaach.

  • Miles Davis

    Op "seven steps to heaven" huet de Miles Davis och mat senger Band, déi dee Moment an enger Transitiounsphas war, erëm "class" bewisen.

  • Makoto Ozone

    De japanesche Pianist Makoto Ozone gouf an den 1980er Joeren vum Vibraphons-Guru Gary Burton bekannt gemaach.

  • Pat Metheny - The Way Up

    Eng wonnerbar Suite aus der Fieder vum Pat Metheny vun 2005. Iwwer eng Stonn Musek, déi d'orchestraalt Denke vum verséierte Gittarist weist.

  • Cannonball and Coltrane

    Kuerz virun der legendärer Plack "Kind of Blue" hëlt dem Miles Davis seng Band ouni hire Leader en interessanten Album op.

  • Joel Ross - Kingmaker

    Et gëtt en neie Stär um Vibraphon-Himmel an deen huet säin Debut-Album um illustere Label Blue Note erausbruecht. 

  • Kneebody

    Kneebody, eng Band déi mat hirem Mix aus Elektronik, Jazz a Groove haut an der Zeen eng wichteg Roll spillt.

  • Lage Lund

    Den neien Album vum Gittarist Lage Lund: "Terrible Animals"

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen