Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Filmkritik #Venezia76: Marriage Story vum Noah Baumbach

Zanter e Mëttwoch ass déi 76. Editioun vum Filmfestival zu Venedeg am Gaang. An zanter gëschter Donneschdeg ass den Tom Dockal fir de radio 100,7 sur place um Lido. X Filmer stinn all Dag um Programm an dovunner pickt hie sech all Dag een eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen. De Film vum éischten Dag: "Marriage Story", deen neie Film vum Amerikaner Noah Baumbach. Mam Scarlett Johannsson a mam Adam Driver an den Haaptrollen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen