Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Redu - Village du Livre

Alles hat viru 35 Joer ugefaangen: an de belschen Ardennen zu Redu gouf um Ouschterweekend een éischte grousse Maart fir rar an Occasiouns-Bicher vun e puer Frënn vum Buch organiséiert. A verloossene Ställ, a Scheieren, um Trëttoir an de Stroosse goufen d'Bicher ugebueden. Op Grond vum grousse Succès, 15.000 Visiteuren haten sech dee Weekend op Redu deplacéiert, war et kloer, hei sollt ee Bicherduerf entstoen.

Een éischt Bicherduerf war 1961 weltwäit entstanen, wéi de Walliser Richard Booth mat engem Container voll mat Bicher aus New York zeréck a säin Heemechtsduerf koum. An der klenger Uertschaft Hay-on-Wye hat hien een Antiquariat opgemaacht. Deemools hat d'Duerf net vill ze bidden a war wäit ewech vun allem. No an no sinn duerch dem Booth säin Engagement ëmmer méi Antiquariater do entstanen.

No dësem Modell hu sech weider Bicherdierfer an Europa a vereenzelt op anere Kontinenter niddergelooss. Esou och an der belscher Provënz Lëtzebuerg, zu Redu, eng ronn 100 km vun der Stad Lëtzebuerg ewech.

De Carlo Link hat sech fir Nuit du Livre, déi all Joers um éischte Weekend am August ass, op Redu deplacéiert.

La Reduiste, Café littéraire © Carlo Link

Redu - Village du Livre: https://www.redu-villagedulivre.be/fr/

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen