Parkanlagen aus der Stad an iwwer Land

Martine Reuter

Wien an der Stad wunnt, huet mam Park e Stéck Natur direkt virun der Dier. Déi meescht vun dëse grénge Longen an der Stad Lëtzebuerg goufen no der Festungschléifung ugeluecht. Mee och op anere Plazen uechter d'Land fënnt een esou gréng Zonen. Froen deenen dës nei Serie nogeet: Wéini sinn dës Anlagen entstanen, wat fir Beem a Sträicher ginn ugeplanzt a wéi grouss ass den Aarbechtsopwand beim Ënnerhalt? 

D'Schlass Aansebuerg a säi Gaart

Op der Sich no impressionnante Gaardenanlage féiert dem Martine Reuter säi de Wee haut an de Weste vum Land an d'Géigend vun de siwe Schlässer. Eent vun deene siwen ass dat vun Aansebuerg a kuckeswäert ass do net nëmmen d'Schlass, mee och de Gaart.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen