Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Vivaldi Reloaded

Ënner dem Titel Vivaldi Reloaded steet e Samschdeg, de 7. September zu Biekerech an der Kierch en e bësse méi besonnesche Concert um Programm. Den Dirigent an Cembalist Franck-Emmanuel Comte an den Ensembel Le Concert de l'Hostel Dieu proposéieren nieft Kompositioune vum Antonio Vivaldi zäitgenëssesch Stécker aus de leschte 15 Joer. Dat Besonnescht: Si spillen alles op historeschen Instrumenter.

Wéi dat funktionéiert, a wat d'Konzept hanner dësem Projet ass, doriwwer huet de Luc Boentges mam Franck-Emmanuel Comte geschwat.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen