CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Differenzéiert, lieweg an zum Deel orchestral

E Freideg, de 6. September, feiert de Quatuor Sine Nomine d'Release vu sengem neien Disk. Wéi mëttlerweil vill aner Publikatiounen ass och dës en vue vum grousse Beethoven Joer 2020 entstanen. Dat Joer, wou dem Komponist säin 250. Gebuertsdag gefeiert gëtt. Um Programm stinn allerdéngs net déi weltbekannt Rasumowsky-Quartetter oder déi zum Deel héich dramatesch spéit Quartetter, mee dem Beethoven säi kompletten Opus 18: Déi éischt sechs Wierker, déi de Komponist an dëser Gattung geschriwwen huet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen