Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Paul Kayser

Moments Musicaux: Wéi geet et weider?

Mat engem Concert vum Organist Paul Kayser an dem Trompettist Luca Wolff geet d'Summereditioun vun de Moments Musicaux 2019 dësen Donneschdeg (06.09.2019) op en Enn. Et war eng mouvementéiert Editioun: Nodeems de Buedem an der Paterekierch wéinst dem waarme Wierder gebascht war, goufen d'Concerten an d'Protestantesch Kierch verluecht. Wat bedeit dat fir d'Zukunft vun de Moments Musicaux?

De Luc Boentges huet beim Paul Kayser, engem vun den zwee Organisateuren nogefrot, a mat him och iwwer de leschte Concert vun der Summereditioun 2019 geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen