Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit
Kultur

D'Expo "Spot an! Szenen einer römischen Stadt"
Aacht Milliounen Trouvaillen aus der réimescher Zäit sinn an den Depote vum Rheinesche Landesmusée versuergt. Vu klengen anticke Dokterstempele bis meterhéije Grafsteenmonumenter ass alles ze fannen. Déi meescht Trouvaillë wäert een ni ze gesi kréien, an der permanenter Ausstellung ass dofir net genuch Plaz. Mee elo ass eng Sonnerausstellung opgaangen an do gi kleng, op den éischte Bléck onbedeitend Stécker beliicht. Dofir heescht d'Ausstellung jo och "Spot an! Szenen einer römischen Stadt" Dozou d'SWR2-Mataarbechterin Marion Barzen.
Rezent Emissiounen
-
Wer? Wie? Was? Wieso? Weshalb? Warum?
Froen, bei deenen een un "Sesamstrasse" denkt, eng Kanneremissioun, déi och haut nach beléift ass. Viru 50 Joer gouf den amerikaneschen Original lancéiert.
-
Orange Week
16 Deeg géint d'Gewalt géint Fraen
-
Den Dandy, Zäitkapsel aus dem Ancien Régime
Wéi eng Wäerter hat den Dandy am 19. Joerhonnert verkierpert? Dir héiert en Extrait aus dem leschte B-Radio zum Thema Dandy.
-
"about:documenta", eng nei Dauerausstellung zu Kassel
D'Expo ass eng Rees duerch Geschicht vun der documenta, vun hiren éischter Editioun 1955 bis bei documenta 14 am Joer 2017.
-
D'Lëtzebuerger Sécessionisten am MNHA
D'Lëtzebuerger Sécessiounsbeweegung huet just dräi Salone laang existéiert, mee déi hunn d'Entwécklungen an der Konscht nohalteg beaflosst.
-
Nei Filmer
De Kino ass dës Woch ënnert anerem literaresch inspiréiert, vum H.C. Andersen senger Schnéikinnigin a vum Emile Zola senge Misérables.
-
Mir sinn all Mënschen
Um Internationalen Dag vun de Kannerrechter loosse mir och déi Jéngst, Schüler aus der Grondschoul zu Wuert kommen
-
De Brian Welsh, Realisateur vu Beats, am Gespréich
Rave to the grave! De schottesche Réalisateur Brian Welsh léisst d'90er Rave-Zeen zum Liewen erwächen.
-
LAA - Luxembourg Architecture Award
Alles iwwer d'Ausstellung an de Vott vun der 8. Editioun
-
Filmkritik: The Room vum Christian Volckman
Net "Room" mat der Brie Larson, net "The Room" vun a mam Tommy Wiseau, mee d'Lëtzebuerger Koproduktioun "The Room" mam Olga Kurylenko.
-
Huet d'Mona Young-Eun es genuch?
D'Südkoreanerin Mona Young-Eun Kim, Joergang 1988, produzéiert batter ironesch Virtual-Reality-Videoe fir eisen Inconscient ze rëselen.
-
De Markus Dietrich, Regisseur vun "Invisible Sue", am Gespréich
Nodeems hien am Fréijoer um Luxembourg City Film Festival Première gefeiert huet, ass de Superheldinnen- a Kannerfilm op Lëtzebuerger Kinosecranen ze gesinn.
-
Tom Reisen- Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis
"Les bulles"- e Recueil vunErzielungen, déi bei Editions Hydre erauskomm sinn, konnten de Jury am beschten iwwerzeegen.
-
Ass "dandy" nees trendy?
1966 hunn The Kinks den "Dandyismus" fir dout erkläert. An der Emissioun B-Radio kucke mir de Sonndeg moien, wat dovunner ze halen ass.
-
Nur Kinder, Küche, Kirche
Mat dësem Stéck vu Franca Rame an Dario Fo huet de Kaleidoskop-Theater seng nei Saison am Schlass zu Beetebuerg lancéiert.
Programm
-
Panorama
-
On air
Espresso Beats
-
Trendscheif
-
Ënnerwee duerch de Weekend - Ënnerwee an de Weekend
-
One World
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen