CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Bach emol anescht

Zanter zéng Joer well existéiert de Pianosduo Takahashi-Lehmann. No e puer Diske mat engem variéierte Programm aus der Literatur fir zwee Pianoen, respektiv véier Hänn op engem Piano, consacréiere si hir nei Sortie ganz dem Max Reger a sengen Transkripioune vu Bach-Wierker. Um Programm stinn nieft enger Passacaglia an zwou Fugen, déi sechs Brandenburgische Konzerte.

De Luc Boentges huet an dësen Duebel-Album eragelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen