Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Bonga - live an der Philharmonie

De Bonga Kuende - op der Bühn entfält de Familljennumm - kritt am September 77 Joer. Säin éischten Album huet hien 1972 an Europa produzéiert, well doheem an Angola war hie wéinst senge kriteschen Texter net wëllkomm. Och no der Onofhängegkeet vu sengem Heemechtsland Mëtt de Siwwenzeger huet hien de Fanger an d'Wonn geluecht fir op Mëssstänn opmierksam ze maachen, dobäi awer ëmmer e gewaltfräie Widderstand gepriedegt.

An der Philharmonie ass hien an enger Quintett-Formatioun ze erliewen, am Bagage iwwer 30 Albumen, natierlech och dee rezenten "Recuerdos de Fora" (Erënnerunge vun Dobaussen) - Erlieftes aus senger laanger Zäit am Museksgeschäft. De Fred Medernach stellt de Museker vir.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • ZäithistorikerIn - D'Europaparlament an de politeschen Ëmgang mat der Geschicht

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen