CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Éischten Album zanter 20 Joer

1980 participéiert den Ivo Pogorelich um Chopin-Concours zu Warschau a gëtt domat quasi iwwer Nuecht bekannt. Net well hie gewonnen huet, mee well hie well an der drëtter Ronn erausgeflunn ass: Véier Jurysmemberen haten him zwar déi maximal Punktzuel ginn, vun deenen anere véier krut hien allerdéngs just de Minimum. D'Pianistin Martha Argerich huet doropshin hir Plaz am Jury aus Protest opginn. Duerch dëse Skandal ass de radikalen Interpret an der internationaler Press gelant an huet sech do iwwer Jore gehalen.

Elo, ronn 40 Joer méi spéit an iwwer 20 Joer no sengem leschten Disk, huet sech den Ivo Pogorelich erëm un e Fligel gesat fir beim Label Sony eng nei CD opzehuelen. De Luc Boentges huet an dës nei Sortie eragelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Aktuelles - Deem enge säi Leed, deem anere seng Freed

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • The Jim Kent Show

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen