Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

D'Nike Wagner hält 2020 als Intendantin vum Beethovenfest op

Mondschein

Iwwerdeems Pink Floyd an hirem Album vun 1973 just The Dark Side of the Moon thematiséieren, beliicht d'Beethovenfest zu Bonn béid Facettë vum Äerdtrabant. De Mound, d'Nuecht mat alle méiglechen Associatiounen - dat war eent vun de groussen Themen an der Romantik, ofgesi vun den Nocturnen a Serenaden, déi schonn am 18. Joerhonnert Héichkonjunktur haten. D'Nike Wagner, d'Intendantin vum Beethovenfest, huet ronderëm den Thema Mondschein e Programm mat ville Facetten zesummegestallt.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen