Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

Salami Rose Joe Louis

Fréier huet si a Kalifornien an engem Asbestos Laboratoire geschafft, elo verëffentlecht si Musek beim prestigiéise Brainfeeder Label. D'Salami Rose Joe Louis huet Enn August e louche futuristesche Konzeptalbum "Zdenka 2080" verëffentlecht. Gefëllt mat verdréite funkegen Téin an atmosphäresche Skizzen. Dem Jamie Reinert zielt d'Musekerin iwwer hir Liiblingszooss, d'Aarbecht am Labo an d'Tugende vum Ausgefalenen.

Playlist:

  1. Shintaro Sakamoto - Don't Know What's Normal (7" Single, 9.07.2013 - Other Music Recording Co.)
  2. Salami Rose Joe Louis - Cumulous Potion (For The Clouds To Sing) (Zdenka 2080, 29.08.2019 - Brainfeeder)
  3. Salami Rose Joe Louis - Earth Creature (For The Clouds To Sing) (Zdenka 2080, 29.08.2019 - Brainfeeder)
  4. Salami Rose Joe Louis - Peculiar Machine / Fourth Dimension (For The Clouds To Sing) (Zdenka 2080, 29.08.2019 - Brainfeeder)
  5. Salami Rose Joe Louis - Transformation of a Molecule / Sixth Dimension (For The Clouds To Sing) (Zdenka 2080, 29.08.2019 - Brainfeeder)
  6. James McKenzie - Two Ladies (James McKenzie & The Mckenzie Brothers Reissue, 29.08.2019, Athens of the North)
  7. Devendra Banhart - Taking A Page (Ma, 12.09.2019 - Nonesuch Records)
  8. Z.N.R. - Solo Un Dia (Strain Crack & Break: Volume One (France), 5.09.2019 - Finders Keepers Records)
  9. Ruth Garbus - Pain (Kleinmeister, 29.08.2019 - Orindal Records)
  10. Sandro Perri - Wrong About The Rain (Soft Landing, 5.09.2019 - Constellation)
  11. Maleem Mahmoud Ghania With Pharaoh Sanders - La Allah Dayim Moulenah (The Trance of Seven Colors, 1994 - AXIOM)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen