Klangbiller

Jamie Reinert

Mat engem spatzen Ouer ginn déi alldeeglech Kläng op eemol spannend. Personnagen, Plazen an Ereegnesser ziele mat hiren Téin Geschichten, déi an dëser Sendung an hirer rauer Pruecht erfaasst ginn.

Foto: Misch Feinen

D'Stëmm vum Stol

Tëschent den Trakteren an de Kéi ass de Misch Feinen opgewuess. Mee déi ureg an imposant Welt vum Stol, vun der Schmelz, huet hien éischter faszinéiert. Den Jamie Reinert war beim Kënschtler a sengem Atelier op Besuch an huet fréier an aktuell Kläng vum Lieu opgezeechent. De Lieu: déi fréier Schmelz zu Diddeleng, wou den D Kollektiv sech installéiert huet.

Rezent Emissiounen

  • Ënnert dem Capot

    Zwou Generatiounen iwwert hir Passioun als Autosmechaniker

  • An der Bakstuff

    "Dat schmaacht nach ëmmer esou gutt, wéi den éischten Dag"

  • Um Chantier

    Schifer, Gipsplacken a Gekabels

  • Doudegriewer: Graf op, Graf zou

    Bei der Aarbecht vum Doudegriewer Jérôme Controguerra war den Jamie Reinert mam Mikro debräi fir e Klangbild vun engem Kierfecht.

  • Paradiso

    Eng Gare wéi keng aner

  • D'Stëmm vum Stol

    Op der fréierer Schmelz du Diddeleng mam Misch Feinen

  • Um Maart

    E verschneite Mëttwoch Moien um Knuedler

  • Kokosnëss, Kabes a Kaméidi

    Am Toun-fir-Bild Studio héiert een allerhand Saachen.

  • Aire de Berchem

    Moies um hallwer zéng op der Raschtplaz

  • Menny Olinger

    Op der Schläifmille beim éischter diskrete Sculpteur

  • Paul Kayser

    Beim Organist um Ducksall vun der Paterekierch

  • Jean-Pierre Reitz

    Op Besuch am Atelier vum Péitenger Geiebauer

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen