Voix d'auteurs

Jean Portante

D'Bicheraktualitéit a Frankräich.
Honnerte Romaner kommen all Rentrée a Frankräich eraus. Honnerte vun anerer komme während dem Joer dobäi. D'Emissioun versicht an dëser Hellewull d'Pärelen erauszepicken an déi Stemmen virzestellen, déi zielen.
Eng Emission vum Jean Portante.

Jean Rouaud

1990 krut de Jean Rouaud de Goncourt fir säin éischte Roman "Les Champs d'honneur". Bis dohin hat hien aacht Joer laang an engem Zeitungskiosk geschafft. An dës Period ass de Stoff vun sengem leschte Roman, deen am Januar bei Grasset erauskoum. "Kiosque" ass den Titel a mat dësem Roman ass hien op Besuch beim Jean Portante.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen