Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Hermann Hesse - Über das Glück

E Buch fir e luesen Dag mat engem Kaffi op enger Terrasse, oder einfache nëmme fir eng kleng Paus. D'Buch "Über das Glück" vum Hermann Hesse léisst een e bëssi méi lues ginn an et kritt een Ofstand vum alldeeglechen Tratt. Dëst ass d'Meenung vum Lara Bousch, dat eent vu senge léifste Bicher virstellt.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Spektrum

  • On air

    Ënnerwee

    • Kultur - Jean Lebrun - eng Koryphäe um Gebitt vum Journalismus

  • Noriichten

  • Trendscheif

  • Rockultur

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen