CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

D'Wallerstein-Symphonien

Wallerstein war am 18. Joerhonnert eng vun deene sëlleche klengen däitschen Adelsresidenzen, déi sech och een eegenen Orchester leeschte konnten. Déi schwäbesch Fürsten haten ëmmerhin Komponiste wéi den Antonio Rosetti an den Ignaz Beck am Déngscht, déi d'Haus mat Musek versuergt hunn. De Chef vum Haus, de Fürst Ernst, hat sech vun der grousser Haydn-Begeeschterung ustieche gelooss, déi deemools uechter ganz Europa gaangen ass an huet Symphonië beim Haydn bestallt - d'Wallerstein-Symphonien, déi haut (13.9.2019) an enger Opnam mam Bayresche Kammerorchester Bad Brückenau erauskommen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen