National an international Noriichten
Panorama

Panorama
- Am Kader vun den Negociatioune fir en neie Brexit-Accord kënnt de britesche Premier Boris Johnson e Méindeg op Lëtzebuerg. Et sinn Treffe mam Xavier Bettel a mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker geplangt.
- Den Educatiounsminister Claude Meisch wëllt d'Schüler an deene Beräicher fërderen, déi net vu Maschinne kënnen iwwerholl ginn, ouni dobäi awer hir digital Kompetenzen ze vernoléissegen.
- E geplangten Akaf- a Fräizäitzenter mat Hotel suergt fir Diskussiounen zu Jonglënster.
- Alles an allem 36.800 Euro d'Joer spuert de Staat duerch Ewechhuele vun de Stroosseluuchten op verschidden Autobunnsstrecken. Dat ass manner wéi viru fënnef Joer ugeholl.
- Arcelor-Mittal confirméiert, datt am Kader vum Projet Score fir d'Kompetitivitéit vun de Sitte Belval an Déifferdeng ze verbesseren 216 Plazen sollen ofgebaut ginn.
- Nom Stauséi an dem Séi zu Wäisswampech goufen elo och Bloalgen an de Baggerweieren zu Rëmerschen fonnt. Bis op Weideres sinn all Aktivitéiten an an um Waasser verbueden.
- Den Eurogrupp wëllt an Zukunft méi transparent schaffen. Dat sot den Eurogruppechef Mario Centeno haut, no enger informeller Renconter vun den Euro-Finanzministeren haut zu Helsinki.
- Am Tennis war et haut schonn déi drëtt Néierlag fir d'Lëtzebuerger am Davis-Cup zu Athen. D'Equipe vun der FLT probéiert muer den Ofstig an d'Europazon IV ze verhënneren.
Rezent Emissiounen
-
Panorama
9 Demissiounen am Comité vun SPAL-Arméigewerkschaft / Verfassung gëtt an Etappe geännert / Bertemes a Majerus Sportler vum Joer
-
Panorama
9 Demissiounen am Comité vun SPAL-Arméigewerkschaft / Verfassung gëtt an Etappe geännert / Bertemes a Majerus Sportler vum Joer
-
Panorama
9 Demissiounen am SPAL-Comité / Sven Clement deposéiert Recourse géint Regierung / Verfassung gëtt an 3 grousse Bléck reforméiert
-
Panorama
No Luxleaks: huet Lëtzebuerg genuch gemaach? / Generalstreik haut am Frankräich / USA: Impeachmentprozedure géint den D. Trump gëtt méi probabel
-
Panorama
No Luxleaks: huet Lëtzebuerg genuch gemaach? / Generalstreik haut am Frankräich / USA: Impeachmentprozedure géint den D. Trump gëtt méi probabel
-
Panorama
Poliziste fir den Dateschutz sensibiliséieren / Nationalen Aktiounsplang fir de Schutz vun Insekten / Gratis-Contraceptiounsmëttel fir jiddereen
-
Panorama
Contraceptiounsmëttele solle gratis ginn / Nationalen Aktiounsplang fir de Schutz vu Bestëbser / EEA: EU wäert Emweltziler net erreechen
-
Panorama
Global CO2 Emissioune klamme weider, sou Experten / Ëmweltimpakt-Studie fir Google Daten-zenter d'nächst Joer / Beweiser géint Donald Trump evident, sou d'Demokraten
-
Panorama
Global CO2 Emissioune klamme weider, sou Experten / Ëmweltimpakt-Studie fir Google Daten-Zenter d'nächst Joer / Beweiser géint Donald Trump evident, sou d'Demokraten
-
Panorama
NATO-Staate eens iwwerOfschlosserklärung/Google:Ëmweltimpaktstudie soll 2020 fäerdeg sinn/Provisoresch Integratioun vu Landesverband an OGBL
-
Panorama
PISA: Lëtzebuerg am Mëttelfeld / Statec: Ekonomie dréint nächst Joer méi lues / Weltklimasommet: 2019 gehéiert zu de wäermste Joren zanter 1850
-
Panorama
CET fuerdert besseren Informatiouns-Accès fir Leit mat Behënnerung / OGBL a Landesverband wuessen enk zesummen / USA annoncéieren Taxen op franséisch Importer
-
Panorama
CET fuerdert besseren Informatiouns-Accès fir Leit mat Behënnerung / OGBL a Landesverband wuessen enk zesummen / USA annoncéieren Taxen op franséisch Importer
-
Panorama
Avis BCL zu Staatsbudget/ Prime fir Gefierer mat wéineg CO2-Emissioune verlängert/ CGFP setzt Regierung een Ultimatum fir syndikal Fräiheet
-
Panorama
Nei Grenziwwergräifend Tariffer fir de Bus an den Zuch / Optakt Weltklimasommet / Petitiounen um Internetsite vun der Chamber fërderen
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen