New Cotton Club

Manuel Ribeiro

De richtege Mix fir e beswingte Sonndegnomëtteg: liichten Jazz an all senge Formen, vu groussen Danzorchesteren iwwert schmasseg Big Bands bis bei Stëmmen ewéi Samett. Déi grouss Nimm aus der gëllener Zäit vum New Yorker Cotton Club an hir Nofolger vun haut. Ausgewielt a virgestallt vum Manuel Ribeiro.

Mix easy listening Jazz

Et geet ganz queesch duerch de Gaart mat easy listening Jazznummeren vum Jeanette Lindström Quartet, Sal la Rocca Quintet, Nicola Conte, Stan Getz, Jaak Lutsoja a vill Anerer.
 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Nei Serie: Autoritär

    Autoritär.png

    Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen