Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Véronique Fauconnet, artsitesch Directrice vum TOL (Foto: Jerzy Palacz)

"Kanner a Kandheet", de roude Fuedem am TOL

An hirer 46. Saison stellt den Théâtre Ouvert Luxembourg, den TOL d'Kanner an d'Kandheet an de Mëttelpunkt. Mat allem wat dat heescht: Vu Responsabilitéit, iwwer Abus a Gewalt bis bei Dreem, Protektioun an d'Elteren. Mä d'Presentatioun vun der neier Saison am TOL stoung awer virun allem am Zeechen vun engem grousse Verloscht, dee vum Realisateur a Metteur en scène Pol Cruchten.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen