Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Eng Strooss an der Diskussioun

Ob Frontalier oder Awunner aus dem Südwesten - vill Leit fuere moies an d'Stad. De Problem: et staut op den Autostroossen. D'Léisung: fréi opstoen oder ee Schläichwee benotzen. Tëscht Märel a Leideleng gëtt et sou ee potentielle Schläichwee, bezéiungsweis gouf et een. Rieds geet vun der Rue des Celtes, déi awer zanter 7 Joer zou ass. Elo gëtt et Sträit doriwwer, wéi d'Strooss an Zukunft sollt genotzt ginn. E Bäitrag vum Cyrille Hill

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen