Invité am Moies-Magazin

Klaus Doldinger (Copyright Krimifestival Tatort Eifel, Helmut Gassen)

Klaus Doldinger

Das Boot,Tatort, Liebling Kreuzberg - all dës Filmproduktiounen hun ee gemeinsamen Nenner: d'Musik kënnt vum Komponist a Musiker Klaus Doldinger.

Joergang 1936 a gebuer zu Berlin hat de Klaus Doldinger Chance wie e selwer soht, an huet d'Krichsjoren an den 1940er Joren zu Wien geliewt. An du koum den Dag wou hien  die éischt Kéier Musik héieren huet die en bis dohin nie kannt huet: Jazz. Dës Kläng hun de jonken Doldinger däermoosse gepaakt dass hien doraus e Liewenswierk erschaaft huet. Iwwer 2000 Kompositiounen huet de Klaus Doldinger geschriwwen,  mat senger légendärer Band Passport - an däer 1971 fir den Debut keen aanere wie den Udo Lindenberg Drums gespillt huet - war hien haut virun enger Woch zu Daun  an huet den Ouverture'sconcert vum festival Tatort Eifel gespillt - kee Wonner, huet den Doldinger dach déi Musik komponéiert die zanter 1970 all Sondeg Owend Frënn vum Tatort bei d'Televisioun lackelt.

D'Nathalie Bender hat Geleegenheet mam Klaus Doldinger ze schwätzen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen