Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Revirement an der Diskussioun ronderëm d'Klima-Manifestatioun muer. Anescht wéi Uganks vum Educatiounsministère virginn sollen d'Schüler muer net automatesch een non-excusé opgeschriwwe kréien, wa si un der Manifestatioun Deel huelen.
  2. D'Regierung huet wëlles eng nei ëffentlech-rechtlech Tëleeschaîne ze schafen, war haut no der zoustänneger Chamberkommissioun gewuer ze ginn.
  3. De Schued, deen duerch d'Auslafe vun net-traitéiertem Waasser an der Uelzecht entstanen ass, wier méi grouss wéi bis ewell ugeholl, seet de Gusty Graas, Schäffen an der Gemeng Beetebuerg.
  4. Am August hunn 183 Mënschen hei am Land Asyl ugefrot.
  5. De Kollektiv "Stop Knauf Illange" huet haut, zesumme mat 4 Stéit aus der Gemeng Illange, bei Diddenuewen a Frankräich, virum Verwaltungsgeriicht zu Stroossbuerg Recours géint de Buergermeeschter vun der Gemeng ageluecht. Si reprochéieren him Muechtmëssbrauch.
  6. Den 23. Oktober wäert d'Europaparlament iwwert déi nei EU-Kommissioun ofstëmmen. Dat huet d'Parlament zu Stroossbuerg haut matgedeelt.
  7. Déi fréier Chefin vun der rumänescher Anti-Korruptiounsagence, Laura Kövesi, kéint déi éischten Europäesch Procureur ginn. De Moien hunn eng Majoritéit vun den EU-Ambassadeure fir si gestëmmt. 
  8. Vun haut un a bis Enn vum Mount wëlle Ryanair-Piloten a Spuenien streiken.
  9. An Israel revendiquéiere souwuel den aktuelle Premier Benjamin Netanjahu wéi och de fréiere Militärchef a Chef vun der Oppositioun Benny Gantz de Poste vum Premierminister fir sech.
  10. De fréiere Staatschef vun Tunesien, Zine el Abidine Ben Ali, ass dout. Hien ass am Alter vun 83 Joer a sengem Exil a Saudi-Arabien gestuerwen.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Nach keen Accord bei Brexit-Verhandlungen/ Juncker-Kommissioun bleift méi laang wéi geplangt am Amt/ Zweeten Dag belsch Staatsvisitt

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel haut um Härebierg / Brexit-Accord: Verhandlunge gi weider / 400.000 Mënsche stierwen all Joer wéinst Loftverschmotzung

  • Panorama

    Enquête bei Natur- a Bëschverwaltung wéinst staatlechem Verstouss géint Naturschutzgesetz / President vum Verwaltungsgeriicht kritiséiert Jean Asselborn / Brexit Diskussiounen ënner Zäitdrock

  • Panorama

    Enquête bei Natur- a Bëschverwaltung wéinst staatlechem Verstouss géint Naturschutzgesetz / President vum Verwaltungsgeriicht kritiséiert Jean Asselborn / Brexit Diskussiounen ënner Zäitdrock

  • Panorama

    STATEC: 4 vu 5 Persounen zefridde mat Aarbecht / Optakt Verhandlunge Sozialplang RTL Group / Brexit: Wettlaf géint Zäit fir Accord ze fannen

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel fir Staatsvisite ukomm / Véier vu fënnef Leit zefridde mat hirer Aarbecht / Barnier: Brexit-Accord dës Woch méiglech
     

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg / US Sanktioune géint d'Tierkei wéinst Offensiv a Nordsyrien / Däitsche Buchpräis fir Saša Stanišić

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg / US Sanktioune géint d'Tierkei wéinst Offensiv a Nordsyrien / Däitsche Buchpräis fir Saša Stanišić

  • Panorama

    Budget 2020: Investitiounen, Ëmwelt a Klimaschutz / EU-Ausseministere condamnéieren tierkesch Offensiv a Syrien / Bis zu 13 Joer Prisong fir katalanesch Separatisten

  • Panorama

    Budgetsprojet 2020: Prioritéit Ëmwelt- a Klimaschutz / Nordsyrien: EU muss handelen / Bis zu 13 Joer Prisong fir katalanesch Separatisten

  • Panorama

    Syrie schéckt Truppen an Nordsyrien / Polnesch Regierungspartei PiS wënnt Parlamentswahlen / Queen's Speech am britesche Parlament

  • Panorama

    Syrie schéckt Truppen Nordsyrien / Polnesch Regierungspartei PiS wënnt Parlamentswahlen / Queen's Speech am britesche Parlament

  • Panorama

    Journée de commémoration nationale / Grousse Succès fir d'Nuit des musées / Parlamentswahlen a Polen

     

  • Panorama

    Arrestatioun vum X. D. de Ligonnès: Zweifel iwwer seng Identitéit / Semaine du Logement / Marathon Wien: den E. Kipchoge leeft ënner zwou Stonnen 

  • Panorama

    Diskussiounen iwwert den Hesper Contournement / USA-China: Deelaccord am Handelskonflikt / EM-Qualifikatioun: Lëtzebuerg verléiert 0-3 géingt Portugal 

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen