Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Vivaldi Variations (c) Cristiano Castaldi

Dem Vivaldi seng Musek als Ballet

Et kann ee sech gutt virstellen datt een op d'Geieconcerti vum Italienesche Meeschter Vivaldi, danze kéint. Mee ganz Choreographien, an dem s een och gewëssen Emotiounen aus de Joreszäiten erabréngt, ass schonns méi aussergewéinlech. Zwee Choreographen hu sech dëst als Aufgabe ginn fir de Projet "Vivaldi Variations", deen am Stater Theater de 25. a 26. September 2019, virgestallt gëtt. Den Orchestre de chambre du Luxembourg sëtzt an der Fosse an op der Bühn ass di Italienesch Trupp "Spellbound Contemporary Ballet", ze gesinn.

De Manuel Ribeiro huet sech mam Choreograph Jean-Guillaume Weis ënnerhalen. Eng Soirée an zwee Deeler.

Rezent Emissiounen

  • De Fall Mozart

    De 5. Dezember 1791 stierft de Wolfgang Amadeus Mozart. En Doud, dee fir immens vill Spekulatioune gesuergt huet.

  • D'Gewënnerin vum Concours Reine Elisabeth 2019

    D'Geiistin Stella Chen spillt den Owend (5.12.2019) zesummen mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

  • A CAPE'LLA

    De Festival ronderëm d'Stëmm geet mat Beatboxing, Jazz, Folk, Pop a Klassik a seng drëtt Editioun.

  • 4 Sträicher an eng Klarinett

    Concert-apéritif mat Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (8.12.2019)

  • Eng aussergewéinlech Akkordeonistin

    Am Gespréich mat der Anne-Maria Hölscher 

  • Blécken op de Bonner Meeschter

    De Ludwig van Beethoven, Komponist vum Mount Dezember um radio 100,7

  • Mariss Jansons (1943 - 2019)

    De letteschen Dirigent ass e Samschdeg (30.11.2019) gestuerwen.

  • Le Petit Prince

    De 5. an 6. Dezember mam Orchestre de Chambre du Luxembourg am Kinneksbond zu Mamer

  • Begrënner vun der Tragédie lyrique

    De Jean-Baptiste Lully

  • Eng Uropféierung

    De radio 100,7 live beim Festival Rainy Days

  • Percussion World

    Concert am Kader vun der Serie Camerata an der Philharmonie (2.12.2019) 

  • Luucht a Schiet

    Beim traditionellen Adventsconcert gedenkt d'Maîtrise dem 75. Joresdag vun der Ardennenoffensiv a feiert gläichzäiteg hiren 175. Gebuertsdag.

  • Nana Formosa an Daidalos

    Concert mat fréiere Laureaten vun der International Percussion Competition Luxembourg

  • "Le Maximum du minimal"

    Am Gespréich mam Perkussionist Christoph Sietzen a mam Komponist Georg Friedrich Haas

  • Eng Bühn fir jonk Museker

    Gala des Lauréats e Freideg (29. 11. 2019) am Kulturzenter OpderSchmelz zu Diddeleng

Programm

Net verpassen

  • Nei Serie: Autoritär

    Autoritär.png

    Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen