Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Wiele kënnen, sollen, mussen? 100 Joer allgemengt Wahlrecht

Den 28. September ass den 100. Joresdag vum Referendum vun 1919, bei deem dat allgemengt Wahlrecht eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg gespillt huet. Et hätt ee sech fir de Centenaire kee bessere Moment kënne virstellen: E fält an eng Zäit, an där sech um politeschen Niveau vill Gedanken iwwer eist Wahlrecht an de Wahlsystem gemaach ginn. Sou begéine sech am Moment Geschicht an Aktualitéit an deem Dossier. A "Riicht eraus" schwätzen déi laangjäreg Deputéiert Colette Flesch, d'Historikerin Renée Wagener an de Journalist Romain Hilgert iwwer d'Entstehung vum allgemenge Wahlrecht an d'Erausfuerderungen, déi sech eisem Wahlsystem haut stellen. Moderatioun: Maurice Molitor.

Rezent Emissiounen

  • D'Bezéiungen tëschent Fraen a Männer

    Zënter Méint protestéiere Frae via déi sozial Netzwierker géint sexuell Iwwergrëffer. Wat seet dat aus iwwert d'Relatiounen tëschent Fraen a Männer?

  • Ben Fayot

    Engagement, eng Biergerflicht? E Gespréich mam laangjäregen LSAP-Politiker, deen och an der politescher Pensioun en opmierksamen a kriteschen Observateur vun der Aktualitéit bleift.

  • Firwat Bauer ginn?

    Et diskutéieren den Agrarminister Fernand Etgen an de Jeff Schroeder vun der Bauerejugend.

  • Esch 2022: DynaMinett?

    Et diskutéieren: Guy Arendt, Staatssekretär fir d'Kultur, Pim Knaff, Escher Kulturschäffen, Ralph Waltmans, Escher Kulturcoordinateur an Andreas Wagner, Coordinateur Esch 2022.

  • Ausbléck 2018

    Mir kucken op d'Chamberwahlen 2018 zu Lëtzebuerg an enger Welt, déi sech verännert. Mat, ënner anerem, der Analys vum Philippe Poirier. 

  • François Bausch

    Dat war 2017: E Réckbléck op déi politesch, kulturell a sportlech Evenementer, déi dëst Joer gepräägt hunn.

  • Alex Bodry vs Claude Wiseler

    Budget 2018, Mindestloun, Pensiounen. Doriwwer diskutéieren d'Fraktiounspresidente Claude Wiseler (CSV) an Alex Bodry (LSAP).

  • Flüchtlingen - nom Accueil, d'Integratioun

    Et diskutéieren d'Familljen - an Integratiounsministerin Corinne Cahen (DP), d'CSV-Deputéiert Martine Mergen, den Yves Schmidt (Caritas) an d'Laura Zuccoli (ASTI).

  • D'Juegd: Bluttsport oder Aarteschutz

    Et diskutéieren de Georges Jacobs, President vun der Jeeërfederatioun a Camille Gira, Staatssekretär am Nohaltegkeets- an Infrastruktur-Ministère.

  • Hubert Wurth

    Den Invité war bis den Abrëll Ambassadeur zu Wien. Elo ass hien an der Pensioun. Den Hubert Wurth ass och am Konschtberäich aktiv.

  • D'Zukunft vun der Aarbecht

    Déi drëtt industriell Revolutioun mat der Digitaliséierung vun der Wirtschaft verännert net nëmmen d'Aarbechtswelt.

  • Robert Garcia

    Matgrënner vun der grénger Partei, Deputéierten, vum 1. Januar un am Diddelenger Gemengerot, Coordinateur vum Kulturjoer 2007 an Direkter vun de Rotonden

  • Konschtpräis oder Trouschtpräis?

    An de leschte Jore sinn ëmmer méi verschidde Forme vun Auszeechnungen an der bildender Konscht zu Lëtzebuerg entstanen.

  • Home Sweet Home

    De President vun der Chambre Immobilière Jean-Paul Scheuren, den Immobilien-Agent Dan Beck, an den Architekt Jos Dell diskutéieren iwwert d'Lëtzebuerger Wunnproblematik.

  • Frankfurt op Lëtzebuergesch?

    Diskussioun op der Frankfurter Buchmesse mat ë. a. dem President vun den Editeure M. Schortgen iwwert d'Plaz vun der Literatur aus Lëtzebuerg am Ausland.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen