Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini huet de Mueren seng Demissioun ugekënnegt, an zitt domat Konsequenzen no den Uschëllegunge géint seng Persoun.
  2. Manner Jonker wéi erwaart sinn den Ament beim grousse Klimastreik an der Stad ënnerwee. Wéi et heescht, hätte verschidde Privatschoule probéiert, hir Schüler dorun ze hënneren, un der Maniff deel ze huelen.
  3. Remaniementer am Staatsrot: Den LSAP-Deputéierte René Kollwelter demissionéiert, an den nächste Mount leeft och d'Mandat vum sozialistesche Romain Nati aus.
  4. Am August ware 15.370 Persounen hei am Land ouni Aarbecht. Iwwert ee Joer gekuckt, ass déi Zuel em 2,9 Prozent an d'Luucht gaangen. Déi Zuelen huet d'ADEM haut matgedeelt.
  5. Déi däitsch Regierung soll haut hir Strategie fir de Klimaschutz mat konkrete Mesure bekannt ginn.
  6. Virun der Küst vu Groussbritannien soll dee gréisste Park vu Wandrieder op der Welt entstoen. Den norwegesche Grupp Equinor an déi britesch SSE Renewables hunn d'Ausschreiwung gewonnen, fir de Park "Dogger Bank" um Nordmier, mat enger Capacitéit vun 3,6 Gigawatt, gemeinsam ze bauen an z'exploitéieren.
  7. Bannent de leschte 50 Joer ass de Vullebestand an den USA an a Kanada ëm 29 Prozent zeréck gaangen. Dat geet aus engem Rapport vu Fuerscher am Magasinn "Science" ervir.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Nach keen Accord bei Brexit-Verhandlungen/ Juncker-Kommissioun bleift méi laang wéi geplangt am Amt/ Zweeten Dag belsch Staatsvisitt

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel haut um Härebierg / Brexit-Accord: Verhandlunge gi weider / 400.000 Mënsche stierwen all Joer wéinst Loftverschmotzung

  • Panorama

    Enquête bei Natur- a Bëschverwaltung wéinst staatlechem Verstouss géint Naturschutzgesetz / President vum Verwaltungsgeriicht kritiséiert Jean Asselborn / Brexit Diskussiounen ënner Zäitdrock

  • Panorama

    Enquête bei Natur- a Bëschverwaltung wéinst staatlechem Verstouss géint Naturschutzgesetz / President vum Verwaltungsgeriicht kritiséiert Jean Asselborn / Brexit Diskussiounen ënner Zäitdrock

  • Panorama

    STATEC: 4 vu 5 Persounen zefridde mat Aarbecht / Optakt Verhandlunge Sozialplang RTL Group / Brexit: Wettlaf géint Zäit fir Accord ze fannen

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel fir Staatsvisite ukomm / Véier vu fënnef Leit zefridde mat hirer Aarbecht / Barnier: Brexit-Accord dës Woch méiglech
     

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg / US Sanktioune géint d'Tierkei wéinst Offensiv a Nordsyrien / Däitsche Buchpräis fir Saša Stanišić

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg / US Sanktioune géint d'Tierkei wéinst Offensiv a Nordsyrien / Däitsche Buchpräis fir Saša Stanišić

  • Panorama

    Budget 2020: Investitiounen, Ëmwelt a Klimaschutz / EU-Ausseministere condamnéieren tierkesch Offensiv a Syrien / Bis zu 13 Joer Prisong fir katalanesch Separatisten

  • Panorama

    Budgetsprojet 2020: Prioritéit Ëmwelt- a Klimaschutz / Nordsyrien: EU muss handelen / Bis zu 13 Joer Prisong fir katalanesch Separatisten

  • Panorama

    Syrie schéckt Truppen an Nordsyrien / Polnesch Regierungspartei PiS wënnt Parlamentswahlen / Queen's Speech am britesche Parlament

  • Panorama

    Syrie schéckt Truppen Nordsyrien / Polnesch Regierungspartei PiS wënnt Parlamentswahlen / Queen's Speech am britesche Parlament

  • Panorama

    Journée de commémoration nationale / Grousse Succès fir d'Nuit des musées / Parlamentswahlen a Polen

     

  • Panorama

    Arrestatioun vum X. D. de Ligonnès: Zweifel iwwer seng Identitéit / Semaine du Logement / Marathon Wien: den E. Kipchoge leeft ënner zwou Stonnen 

  • Panorama

    Diskussiounen iwwert den Hesper Contournement / USA-China: Deelaccord am Handelskonflikt / EM-Qualifikatioun: Lëtzebuerg verléiert 0-3 géingt Portugal 

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen