Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

"Wiele wat mir sinn": d'Expo iwwer 100 Joer allgemengt Wahlrecht

Den nächste Samschdeg, 28. September, ass den 100. Joresdag vum Referendum vun 1919, an deem d'Lëtzebuerger opgeruff ware sech iwwer d'Staatsform an déi zukünfteg wirtschaftlech Ausriichtung vum Land auszeschwätzen. Bei där Geleeënheet huet dat allgemengt Wahlrecht fir Männer a Fraen eng éischte Kéier hei am Land gespillt. Dës Woch geet am Musée um Fëschmaart eng Ausstellung op, déi weist wéi de "suffrage universel" senger Zäit op Lëtzebuerg koum, a wéi de Wahlsystem sech zënterhier entwéckelt huet. De Maurice Molitor hat Enn der leschter Woch Geleeënheet, mam Regis Moes vum Musée duerch d'Expo (déi dee Moment nach am Opbau war) ze goen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen