Een Thema, e Buch

Michel Delage Valerija Berdi

Ronderëm en ausgewielte Sujet proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi rezenséiert vun der Kulturredaktioun.

Andrea Wulf - Alexander von Humboldt und die Erfindung der Natur

Hien huet iwwer 5000 Bréiwer geschriwwen, onzieleg Hefter mat senge Notize gefëllt, Dausende vun Zeechnunge gemaach, mam Lenin sengem Bop säi 60. Gebuertsdag gefeiert... Hien war den éischten, dee vum Klimawandel geschwat huet an ee vun de Wéinegen, dee sech géint de Kolonialismus a Sklaverei agesat huet. Oft huet hien sech eleng a verluer gefillt. Riets ass vum grousse Naturfuerscher Alexander von Humboldt, deem d'Kulturhistorikerin Andrea Wulf mat hirem Wierk "Alexander von Humboldt und die Erfindung der Natur" en Hommage geschriwwen huet. Eng Biographie, déi méi spannend ass wéi all Krimi et kéint sinn, fënnt d'Valerija Berdi an eiser Rubrik : Een Thema - e Buch.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen