Invité am Moies-Magazin

Sabrina Collé, Lynn Bidaine a Karin Kremer

Karin Kremer, Sabrina Collé a Lynn Bidaine

Haut ass den Weltdag vun der Gebärdesprooch, deen 1951 vun der "World Federation of DEAF" lancéiert gouf, fir eben op d'Situatioun vu Mënschen déi Problemer mam Gehéire hunn opmeriksam ze maachen. Dono huet et awer bis an d'Joer 2018 éier den Weltdag vun der Gebärdesprooch offiziell vun der UNO confirméiert gouf.An genee dat weist dat d'Gebärdesprooch och haut nach eng Sprooch ass déi gàre vergiess gëtt, eng minoritär Sprooch eben. Virun zwee Joer gouf de Projet "BABEL, ein Wort, ein Zeichen" vum Mierscher Kulturhaus an der 'ASBL "Hörgeschdädigte Beratung" lancéiert. "Babel" ass e sozialen a kulturellen Engagement, fir Mënschen déi mat um Gehéier geschiedegt sinn oder daf sinn, d'Ouverture zur Kultur ze erliichteren. Well d'kulturell Offer nëmmen seelen och op héiergeschiedegt Mënschen zou geschnidden ass. No zwee Joer huet deen Projet scho Friichte gedroen, well vill kulturell Institutiounen sech hirem Publqiue mat Problemer mam Gehéier bewosst gi sinn, an och u Verbesserungen schaffen.

E weidere grousse Schrat war d'lescht Joer de Vote vum Gesetz iwwert de "Régime des Langues" wou d'Gebärdesprooch elo dra verankert ass.Mat zousätzleche Mesuren, wéi d'Recht datt Mënsche bei adminsitrativen Démarchen e Gebärdendolmetscher kënne kréien.

Rezent Emissiounen

  • Jayrôme C. Robinet

    "Mein Weg von einer weissen Frau zu einem jungen Mann mit Migrationshintergrund" - dëst Buch stellt de Schrëftsteller den Owend am Institut Pierre Werner vir.

  • Jochen Schmidt

    Den Dag, op deem d'Berliner Mauer gefall war, hat den däitsche Schrëftsteller, deen zu Ost-Berlin gebuer an opgewuess ass, säin 19. Gebuertsdag gefeiert.

  • Fabienne Becker a Fränz Siebenaller

    Déi Zoustänneg fir Sensibiliséierung a Plädoyer bei ECPAT Lëtzebuerg explizéieren nieft anerem d'Problematik vum Volontourismus.

  • Dr. Heinrich Kreft

    Ambassadeur vun der Bundesrepublik Deutschland zu Lëtzebuerg

  • Marc Elvinger

    "I am a Rohingya" - iwwer d'Aarbecht vun der ONG Friendship Luxembourg zielt de President.

     

  • De Paul Scholer

    Den Direkter vun der UGDA-Museksschoul iwwer de 36. Concours luxembourgeois pour jeunes solistes dëse Sonndeg am Stater Conservatoire

  • Alex Reding

    Fir déi 5. Editioun vun der Luxembourg Art Week huet hiren Initiator, de Galerist Alex Reding, de Kultur- an de Konferenzeprogramm ausgebaut.

  • Frédéric Haupert

    Invité ass den Direkter vu CARE Lëtzebuerg. De Projet DayCARE steet am Mëttelpunkt vum Gespréich.

  • Melitta Schubert

    Zanter Oktober ass d'Juristin déi nei éisträichesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg.

  • Julia Georgi a Gil Kirchen

    eReUse vun der Caritas an d'Ëmweltberodung invitéieren op de Seminär: Digitalisatioun méi nohalteg gestalten.

  • Isabelle Medinger an Dany Frank

    D'Directrice vun der Sécurité Routière an d'Conseillère de Gouvernement adjointe vum Transport- a Mobilitéitsministère iwwer ë. a. d'Wichtegkeet am Stroosseverkéier gesinn ze ginn.

  • Ivna Zic

    Mat hirem  Roman "Die Nachkommende" ass déi kroato-schwäizer Schrëftstellerin op der Shortlëscht fir de Schwäizer Buchpräis.

  • Jim Schmitz

    Den 9. November ass Dag vum Bam - och zu Lëtzebuerg. Méi Detailer mam Vertrieder vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur.

  • Jean-Paul Reuter a Gery Oth

    1 sur 4.lu: 1 Persoun op 4 huet mat enger psychescher Krankheet ze doen. De President vun den Ateliers Thérapeutiques et Protégés an de Fotograf mat Detailer zur Campagne.

  • Conny Koob

    D'Chargée de communication vun de Naturparken Öewersauer, Our a Mëllerdall mat Detailer iwwer de Concours "Äre Projet (m)am Naturpark".

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen