Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Rue du Saint Esprit, poetesch

"Within" op den "Journées du patrimoine"

Enn September sinn traditionell d'"Journées européennes du patrimoine", och zu Lëtzebuerg. Trëppeltier duerch d'Natur, Visiten duerch -a laanscht- interessant Gebailechkeete sollen dofir suergen, datt de breede Public de lëtzebuerger Patrimoine besser kenne léiert. Tëscht dem Lëtzebuerg City Museum an dem Helleggeescht-Plateau gëtt de Weekend vum 28. an 29. September zum Beispill den 1. "Urban History Festival" lancéiert. Mat dobäi: d'Vanessa Bouffone, déi iwwert der Mesa Verde an hire Schreifatelier invitéiert. D'Kerstin Thalau mat Explicatiounen. 

Rezent Emissiounen

  • Design "Am Gronn"

    Mir stëllen en neie Creative Space vir.

  • Francofolies, e neie Musekfestival zu Esch

    2020 ginn Francofolies Esch an der Minettemetropel organsiéiert. E Projet deen nëmmen kulturell a musikalesch, mä och ecoresponsabel ass.

  • 60 Joer Sandmännchen

    Bannent 1 Woch sinn am Hierscht 1959 "Unser Sandmännchen" an Ostdäitschland an d'"Sandmännchen" a Westdäitschland op Antenne gaangen.

  • "Word in Progress" an der Escher Kulturfabrik

    Beim Cycle "WIP-Word in Progress" huet de Public an der Escher Kufa d'Méiglechkeet, Texter ze lauschteren, déi nach net publizéiert gi sinn.

  • Dealing with Clair

    Interview mat der Regisseurin Anne Simon iwwert hiert aktuellt Stéck

  • Minett-Trail: E Projet vir d'Kulturjoer 2022

    De Minett soll duerch en 80 Kilometer laange Wanderwee touristesch a kulturell méi attraktiv ginn. De Projet soll fir d'Kulturjoer 2022 fäerdeg sinn.

  • Eng Kultband aus der fréierer DDR

    Vir 50 Joer huet d'DDR-Band Puhdys hiren éischte Concert gespillt. Zanter 3 Joer sinn d'Puhdys getrennt, mä se hunn däitsch Museksgeschicht geschriwwen.

  • Nei Filmer

    Bekannt Actricen an Acteure aus Hollywood awer och aus dem Grand-Duché sinn dës Woch Tromp. Donieft gëtt et och éischt Chrëschtdagsmomenter.

  • Filmkritik: "De Buttek"

    Den Acteur Luc Feit huet eng batter-béis Comedie gedréint, där hir speziell Ästhetik am konformistesche Lëtzebuerger Mainstream erfrëschend wierkt.
     

  • Kultur

    Lyon ass d'Gebuertsstad vum europäesche Kino. D'Gebridder Lumière hunn do de Cinématographe erfonnt, an hir éischt Filmer gedréint. Di zéngten Editioun vum Festival Lumière war am Oktober.

  • Musek aus der Këscht, eng Revolutioun

    Et war eng Sensatioun wou d'Jukebox virun 130 Joer erfonnt gouf. Musek aus enger Këscht fir zesummen ze lauschteren.

  • Eng bewosst a-politesch Biographie

    Den Historiker Pierre Even huet eng Biographie vun der Groussherzogin Marie Adelheid geschriwwen. D'Resultat ass éischter mitigéiert.

  • "Les misérables" vum Ladj Ly

    E Film dee zu Montfermiel spillt, enger Stad wou et zu explosive Situatiounen kënnt.

  • De Laureat vum Prix d'Art Robert Schuman 2019

    De Laureat vum Prix d'Art Robert Schuman 2019, den Thibaud Schneider vu Metz, wëllt de Leit mat Konscht d'Spiritualitéit nei vermëttelen.

  • Gewënner vum Prix d'Art Robert Schuman 2019

    De jéngste Participant, de 24 Joer jonke Metzer Skulpteur a Moler Thibaud Schneider, ass de Laureat vum Prix d'Art Robert Schuman 2019.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen