Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Rue du Saint Esprit, poetesch

"Within" op den "Journées du patrimoine"

Enn September sinn traditionell d'"Journées européennes du patrimoine", och zu Lëtzebuerg. Trëppeltier duerch d'Natur, Visiten duerch -a laanscht- interessant Gebailechkeete sollen dofir suergen, datt de breede Public de lëtzebuerger Patrimoine besser kenne léiert. Tëscht dem Lëtzebuerg City Museum an dem Helleggeescht-Plateau gëtt de Weekend vum 28. an 29. September zum Beispill den 1. "Urban History Festival" lancéiert. Mat dobäi: d'Vanessa Bouffone, déi iwwert der Mesa Verde an hire Schreifatelier invitéiert. D'Kerstin Thalau mat Explicatiounen. 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen