CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Pessimistesch

Déi 4. Symphonie vum Dmitri Schostakowitsch ass e musikalescht Spigelbild vun engem Russland, dat  an den 30er Joren ënnert Oppressioun leit. Vun Ironie an och duerch Angscht gepräägte Musekssäite wiesselen sech of mat nëmme klengen Hoffnungsthemen. Eng ganz pessimistesch 4.  Symphonie ass an enger neier Opnam mam London Symphony Orchestra ënnert der Direktioun vum Gianandrea Noseda erauskomm.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Rockultur

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen