Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

De Bob Bertemes, Mat-Favorit am Boumstoussen op der WM zu Doha (Foto: picture alliance/Kay Nietfield)

Bob Bertemes, als Mat-Favorit op d'WM zu Doha

Am August dëst Joer huet de Lëtzebuerger Liichtathlet a Kugelstousser Bob Bertemes mat 22 Meter 22 net nëmmen e neien Landesrekrod gehäit, mä et ass och weltwäit déi 8. beschte Distanz déi dëst Joer ereescht gouf. Bei de Liichtathletiksweltmeeschterschaften déi dëse Freideg zu Doha, der Haaptstad vum Emirat Katar ufänken, kann ee deemno vill vum Bob Bertemes erwaarden.Mat den 22 Meter 22 am August an dono ëmmer nees konstante Leeschtungen gehéiert de Bob Bertems ouni Zweiwel zu enke Favoritekrees am Bommstoussen bei dëse Weltmeeschterschaften. De 3 Oktober ass d'Qualifikatioun an den de 5 Oktober d'Final am Boumstoussen.

 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen