Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Xavier Bettel am Interview nom Klima-Sommet zu New York

Nom Klima-Sommet zu New York virun der UNO-Generalversammlung gouf et Kritik un de versammelte Staats-a Regierungscheffen. Klima-Experte soen hier Versprieche ginn net duer fir d'Erwiermung vum Planéit an de Klimawandel ze stoppen. 77 vun 193 Länner soen si wëllen am Joer 2050 klimaneutral si mee dat geet net duer. Dat ass och d'Meenung vun der jonker Aktivistin Greta Thunberg déi sot si fillt sech verroden.

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet och um Sommet matgemaach an huet do iwwert den ëffentlech Transport zu Lëtzebuerg geschwat dee geschwënn wäert gratis sinn. Och huet hie versprach d'Lëtzebuerger Kontributioun fir aarm Länner am Green Climate Fund ze vergréisseren. 

Zu New York huet eise Korrespondent Philip Crowther sech mam Xavier Bettel getraff, kuerz no den Uriede vun de Presidente Jair Bolsonaro vu Brasilien an Donald Trump vun den USA. 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen