Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.
Aktuelles

Xavier Bettel am Interview nom Klima-Sommet zu New York
Nom Klima-Sommet zu New York virun der UNO-Generalversammlung gouf et Kritik un de versammelte Staats-a Regierungscheffen. Klima-Experte soen hier Versprieche ginn net duer fir d'Erwiermung vum Planéit an de Klimawandel ze stoppen. 77 vun 193 Länner soen si wëllen am Joer 2050 klimaneutral si mee dat geet net duer. Dat ass och d'Meenung vun der jonker Aktivistin Greta Thunberg déi sot si fillt sech verroden.
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet och um Sommet matgemaach an huet do iwwert den ëffentlech Transport zu Lëtzebuerg geschwat dee geschwënn wäert gratis sinn. Och huet hie versprach d'Lëtzebuerger Kontributioun fir aarm Länner am Green Climate Fund ze vergréisseren.
Zu New York huet eise Korrespondent Philip Crowther sech mam Xavier Bettel getraff, kuerz no den Uriede vun de Presidente Jair Bolsonaro vu Brasilien an Donald Trump vun den USA.
Rezent Emissiounen
-
Neien ArcelorMittal Siège um Kierchbierg
Nëmmen auslännesch Architektebüroe kënnen un der Konzeptioun vum Projet participéieren.
-
Réckbléck op d'Journée des Élus 2017 vum SIGI
"Är Gemeng gutt encadréiert - Léisungen an Denkustéiss aus de Beräicher Patrimoine, Finanzen an Energie", esou de Motto vun der Journée dëst Joer
-
Déi 2. Integratiounsassisë vun der ASTI
Eng Aarbechtsreunioun, déi vum OLAI, dem Office luxembourgeois de l'accueil et de l'intégration an dem Gemengesyndikat SYVICOL koordinéiert gi war.
-
C.O.S.L.-Konferenz: duebel Karriär Spëtzesportler
Spëtzesportlerinnen a -Sportler mussen zwou Karriären ënnert een Hutt kréien, de C.O.S.L. hëlleft dobäi.
-
Jongen um Fieldgen
Vum nächste Schouljoer u gëtt an der Meederchersschoul "um Fieldgen" d'Mixitéit agefouert.
-
D'Personalproblemer beim TICE
De Landesverband reagéiert zesumme mam OGB-L.
-
Avis vun der Handelskammer zum Gesetzprojet iwwer d'Waasser
D'Chambre de Commerce gesäit ee Risiko, datt duerch d'Reform vun der Waassergestioun de Waasserpräis staark wäert klammen.
-
Informatiounen an Aktiounen am Virfeld vum Safer Internet Day
Den SNJ, zesumme mat der Initiativ "BEE SECURE", stellt eng Partie Initiative vir.
-
Mat Heckeschnëtt hëtzen - Reaktioune vun der LJJ
Reaktioune vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Asbl op d'Initiativ vum Nohaltegkeetsministère, déi eng Gratisverwäertung vun Hecken-, Bam- a Getraisschnëtt ubitt.
-
Wou ass d'Kannerkriibsfuerschung zu Lëtzebuerg drun?
Dëse Samschdeg (4.2.17) ass "World Cancer Day".
-
360 Sproochecourse am Institut National des Langues
D'Summersemester am INL fänkt de 27. Februar un, d'Inscriptioune fir d'Sproochecourse sinn am Gaang.
-
Reaktioune vun der CSL op dat neit Gesetz iwwer d'Aarbechtszäit
Dat neit Gesetz vum 23. Dezember 2016 gouf besonnesch vu Säite vum Patronat als net equilibréiert, jo souguer als betriebsfeindlech bezeechent.
-
D'Lepra ass zwar offiziell eliminéiert, mä nawell nach ëmmer do
De Kampf geet weider, an d'Lepra bleift eng vun den am meeschten ënnerschätzte Krankheete vun der Welt.
-
D'LVI fuerdert ee Vëlosschnellwee tëscht Lëtzebuerg an Esch
D'Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ Asbl. fuerdert ee Vëlosschnellwee tëscht Lëtzebuerg an Esch
-
De Mount Everest gëtt dëst Joer nei vermooss
Fir Spekulatiounen aus dem Wee ze raumen, datt de Mount Everest sech zanter dem Äerdbiewe am Abrëll 2015 deplacéiert kéint hunn.
Programm
-
Notturno
-
On air
Samschdes-Magazin
-
Noriichten
-
-
Noriichten
-
Grousse Kino
-
Panorama
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen