Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Nei Lännereditioun vun der Literaturzäitschrëft PODIUM

Den éisträicheschem Literaturkrees Podium huet sech bei der neier Lännereditioun vun hirer Literaturzeitung, Lëtzebuerg als Land erausgesicht. Bei dëser Oplag geet et em d'Literaturzeen zu Lëtzebuerg mat Texter vu Lëtzebuergeschen Schrëftsteller an Schrëftstellerinnen. Mat der Kooperatioun vum Literaturwëssenschaftler, Kritiker an Auteur Ian de Toffoli, der éisträichescher Schrëftstellerin Barbara Neuwirth an der Elisabeth Kleinl, goufen literaresch Wierker aus Lëtzebuerg ausgewielt fir e Bild vun der lëtzebuergescher Literaturzeen ze schafen. 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen