Invité am Moies-Magazin

Dietmar Bär, Anneke Kim Sarnau, Charly Hübner (Photo tatort Eifel/Helmut Gassen)

Oliver Mommsen an Dietmar Bär

Leschte Samsdeg war zu Daun den Ofschoss vum Festival Tatort Eifel, a fir d'Gala waren natierlëch eng ganz Reih Mënschen invitéiert die dofir suergen dass mir mat Krimifilmer - a Bicher versuergt ginn. Moderéiert gouf den Owend vun engem fréiheren Tatort Kommissar, dem Oliver Mommsen,  dee bis Ouschteren dës Joer als Kommissar Stedefreund ermëttelt huet, op der Bühn niewt lokalen krimiaffinen Perséinlëchkeeten an och der Ministerpräsidentinvun Rheinland-Pfalz Malu Dreyer sin iwwer den Owend  Laureate vun Junior Award, dem Däitschen Kurzkrimipreis an dem Filmpräis Roland defiléiert.

Den Kabarettist Kai Magnus Sting huet ët färdeg bruecht dass de ganze Sall sëch vu Laachen de Bauch gehalen huet, an och d'Präisdréiher vum Roland, Anneke Kim Sarnau an charly Hübner hu mat hierer Filmekipp vum Polizeiruf 110 d'Bühn gerockt, aanescht kann een dat net nennen.

D'Laudatio op d'Gewënner vum Roland ass vu kengem aanere wie dem Kölner tatortkommissar Freddy Schenk, also dem Dietmar Bär gehale ginn, deen schon vun Ufank un member vum Jury vum Filmpräis ass.

No der Gala, a virun der Ofschlossparty konnt d'Nathalie Bender sëch mam Oliver Mommsen an Dietmar Bär ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

  • Claire Thill a Frédérique Colling

    Footnotes - en Deel vun engem Projet vun Independant Little Lies, e Stéck geschriwwe vun der Claire Thill. De Frédérique Colling steet mat hir op der Bühn.

  • Jayrôme C. Robinet

    "Mein Weg von einer weissen Frau zu einem jungen Mann mit Migrationshintergrund" - dëst Buch stellt de Schrëftsteller den Owend am Institut Pierre Werner vir.

  • Jochen Schmidt

    Den Dag, op deem d'Berliner Mauer gefall war, hat den däitsche Schrëftsteller, deen zu Ost-Berlin gebuer an opgewuess ass, säin 19. Gebuertsdag gefeiert.

  • Fabienne Becker a Fränz Siebenaller

    Déi Zoustänneg fir Sensibiliséierung a Plädoyer bei ECPAT Lëtzebuerg explizéieren nieft anerem d'Problematik vum Volontourismus.

  • Dr. Heinrich Kreft

    Ambassadeur vun der Bundesrepublik Deutschland zu Lëtzebuerg

  • Marc Elvinger

    "I am a Rohingya" - iwwer d'Aarbecht vun der ONG Friendship Luxembourg zielt de President.

     

  • De Paul Scholer

    Den Direkter vun der UGDA-Museksschoul iwwer de 36. Concours luxembourgeois pour jeunes solistes dëse Sonndeg am Stater Conservatoire

  • Alex Reding

    Fir déi 5. Editioun vun der Luxembourg Art Week huet hiren Initiator, de Galerist Alex Reding, de Kultur- an de Konferenzeprogramm ausgebaut.

  • Frédéric Haupert

    Invité ass den Direkter vu CARE Lëtzebuerg. De Projet DayCARE steet am Mëttelpunkt vum Gespréich.

  • Melitta Schubert

    Zanter Oktober ass d'Juristin déi nei éisträichesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg.

  • Julia Georgi a Gil Kirchen

    eReUse vun der Caritas an d'Ëmweltberodung invitéieren op de Seminär: Digitalisatioun méi nohalteg gestalten.

  • Isabelle Medinger an Dany Frank

    D'Directrice vun der Sécurité Routière an d'Conseillère de Gouvernement adjointe vum Transport- a Mobilitéitsministère iwwer ë. a. d'Wichtegkeet am Stroosseverkéier gesinn ze ginn.

  • Ivna Zic

    Mat hirem  Roman "Die Nachkommende" ass déi kroato-schwäizer Schrëftstellerin op der Shortlëscht fir de Schwäizer Buchpräis.

  • Jim Schmitz

    Den 9. November ass Dag vum Bam - och zu Lëtzebuerg. Méi Detailer mam Vertrieder vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur.

  • Jean-Paul Reuter a Gery Oth

    1 sur 4.lu: 1 Persoun op 4 huet mat enger psychescher Krankheet ze doen. De President vun den Ateliers Thérapeutiques et Protégés an de Fotograf mat Detailer zur Campagne.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen