Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

Den Damien Jurado ass ee vun deene Kënschtler, dee vu sengem Label Sub Pop de Réck gestäipt kritt, och wann hien nach ni en Hit oder een Hit-Album geschriwwen huet. Firwat? De Mann war Enn der 90er d'musikalescht Gewësse vun der Stad Seattle an och soss een "Sleeper", dem seng Diskographie wéi eng laang vergiesse Kamellekëscht fir de Singer Songwriter Fan zum Naschelen aluet. Haut eent vu viru bal enee 20 Joer: Ohio.

Déi international Formatioun Sirens Of Lesbos ass e Soul ugehauchte Quintett mat enger hauseegener Art Director un der Spëtzt. Deen duusse Vokalen Input vun de Schwëstere Jasmina a Nabyla hunn dem Anne Georges seng Oueren a Watt agepaakt, d'Anne proposéiert dëse Weekend déi fuschnei Sirens Of Lesbos Single "Fairground".

A schwieregen Zäiten entsteet dacks gutt Musek. E Beispill dofir ass den éischte Solo Album vum britesche Sänger a Museker Tom Fleming. Leschte Freideg huet hien als "One True Pairing" en Album mam selwechten Titel erausbruecht. Den Yves Stephany proposéiert dëse Soundtrack fir schwiereg Zäiten als Album vun der Woch.

The Joker - ëm dee geet et an eiser Rubrik Copy/Paste: de Fred Medernach proposéiert de bekannten Hit vum Steve Miller, nei interpretéiert vun der K.D. Lang an dem Todd Snider ...

Den Gene Clark - E Numm dee leider e bëssen a Vergiessenheet geroden ass. Dobäi war hie ee vun den Haaptmembere vun "The Byrds" a war laang de produktiivste Songwriter nieft dem Roger McGuinn. Hien huet de kalifornesche psychedelesche Country Rock Sound aus de 60er matdéfinéiert a seng spéider Solo-Produktiounen hu weider Brécken tëscht Country, Rock a Pop erméiglecht. Den Jamie Reinert bléckt op säi 74er Album "No Other" zeréck.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats Lungo

    Véier Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen